Menu


Startsäit



Häerzlech wëllkomm op der Internetsäit vum Groupe Animateur!

 

Animatioun fir Kanner a Jugendlecher, Kolonien, Weekender, Formatioun, ...


Op onser Internetsäit fannt Dir den aktuelle Programm, vill Fotoen an all
néideg Informatiounen zu onser Organisatioun an hiren Aktivitéiten!


Aktuelles

28.07.2018

 
Wei all Joer si mir och 2018 erëm fir eis dräi Kolonien zu Ierpeldeng am Park.
Wärend bal 5 Woche kommen esou iwwert 40 Moniteuren an iwwert 250 Kanner op Ierpeldeng fir eng flott an onvergiesslech Zäit ze verbréngen. 
 
Den Ufank mëscht den Ierpel I fir Kanner vun 9-12 Joer, éiert den Ierpel II op Besuch ass fir Jonke vun 13-16. Den Ofschloss mëscht den Ierpel III / 4 Nuechten am Zelt fir déi Kleng vu 6-9 Joer.
 
Fir jiddereen ass des Zäit am Summer ee vun de wichtege Momenter am Joer an ëmmer erëm entstinn hei Frëndschaften a ganz vill flott Erfarungen!
 
 
 
 
 


08.08.2017

 
Een Summer voller Spaass zu Ierpeldeng!!!
 
 
Och dëse Summer ass zu Ierpeldeng eng mei lass! De Camp Ierpel 2 ass erëm do an mat him 90 Jonker am Alter teschend 13 a 16 Joer. Zesummen erliewe mir eng Zäit voller Erliefnisser a gefëllt mat Action. Eis grouss Spiller ouni Grenze sinn traditionell ee vun den Highlighten a bei dëse gëtt wierklech keng Käschten a Mei gescheit fir dësen Dag besonnesch ze maachen.
 
Am Moment sinn d´Gruppen um Hike. An déi meescht vun hinne maache mat, bei der grousse Challenge: 3-Deeg-keen-Handy!!! Dat ass fir déi Jonk net esou einfach an awer sinn 61 vun 90 Kanner ouni hiren alldeegleche Begleeder elo 3 Deeg ënnerwee.
 
Mir si gespaant wei des Zäit fir si war a wat si eis alles ziele wann sie erëm sinn!
 
 
Beim spektakulären Parcours um SOG Dag
 
Beim Counterstrike 
 
 
Gewënner vun der grousser Final!


25.05.2017

Mir waren frou, dass mir haut konnten um COSL Spillfest zesummen mat iech een schéinen sonnegen Dag verbréngen.

 

Verschidden Sportaarten an Spiller konnten ausprobéiert ginn an deen een oder aneren huet déi éischten Kéier vum Groupe Animateur gehéiert.

 

Mir hoffen iech all op eisen zukünftegen Kolonien kennen ze begréissen.

 



Archiv




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

20.10.2018 - 21.10.2018
Bastel-Gekniwwels

20.10.2018 - 21.10.2018
Grujelweekend

28.10.2018 - 03.11.2018
Hierschtkolonie


Nei am Blog